Allgemeng

Wat heescht "Blårød"

Op Dänesch heescht „Blå“ blo a „Rød“ rout – d’Faarwe vun de CaraPio, mee si hu nach eng méi staark Bedeitung. Blo steet fir Harmonie, Vertrauen an Éierlechkeet. Rout steet fir d’Stäerkt, d’Selbstbewosstsinn an d’Léift. 

Zesummen erginn dës zwou Faarwen e Bild, dat genee dat erfaasst, wat eise Camp ausmëscht: eng Mëschung aus Rou a Dynamik, aus Sécherheet a Courage fir Neies. Genee dës Kombinatioun mécht de Summercamp 2026 zu deem, wat e soll sinn – eng onvergiesslech Erfahrung.

 D’Campchef vun dësem Camp sinn : 

Nathalie Gales – Grupp Réimesch
Sophie Weber – Grupp Eschduerf
Tom Van De Bossche – Grupp Monnerech

an hannert hinne steet e ganzen Topstaff an do hannendrun nach e ganze Staff. Insgesamt si bal 80 Persounen domat beschäftegt de Camp ze plangen an ze organiséieren. 

De Camp fënnt vum 19. Juli bis den 1. August 2026 statt.

Den 19. Juli 2026 am spéiden Nomëtteg ass den Treffpunkt fir mat Reesbusser op d’Campplaz an Dänemark ze fueren. Mir fueren also iwwer d’Nuecht.
Den 31. Juli 2026 am fréien Owend fuere mir erëm vu Dänemark fort a sinn den 1. August moies zréck zu Lëtzebuerg.

Eis Campplaz ass eng gutt Stonn nördlech vu Kopenhagen an der Regioun Hovedstaden. An eiser direkter Géigend ass de Séi “Arresø”, dee vun der Fläch hir gréisste Séi an Dänemark.

Hei de Link zu eiser Campplaz : https://www.google.com/maps/place/KFUM+Spejderne,+Arres%C3%B8centret/@55.9503975,12.0408844,55534m/data=!3m1!1e3!4m6!3m5!1s0x4652134dbb8add2f:0xaf767c226a07e3c2!8m2!3d55.9743114!4d12.0663114!16s%2Fg%2F12hk3v_v_?entry=ttu&g_ep=EgoyMDI1MDkxNy4wIKXMDSoASAFQAw%3D%3D

Nee, dat ass net méiglech. CaraPio a Chef reesen integral mam Bus un an och erëm of.

Bartreng Saint Exupéry
Beefort Frère Roger
Beetebuerg Abbé Pierre
Biekerech Mahatma Gandhi
Bieles-Zolwer Grand -Duc Jean
Bouneweg St. Louis / Ste. Irmine
Cents Hl. Franz vun Assisi
Diddeleng Saint Jean
Dikrich Saint Laurent / Tony Noesen
Duelem Saint Martin
Eschduerf Saint Pirmin vum Séi
Ettelbréck/G.Ermesinde
Ettelbréck/S. Saint Sébastien
Housen-Houschent Mère Thérèse
Houwald Don Bosco
Jonglënster Saint Martin
Käerjeng Saint Willibrord
Käl Sainte Marie
Klierf Saint Benoît
Lampertsbierg Immaculée
Leideleng Lady B.-P.
Lëtzebuerg-Belair Jang de Blannen
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Luerenzweiler Saint Laurent
Miersch Saint Michel
Monnerech Jules Bleser
Péiteng Hl. Franz vun Assisi
Réimech Saint Cunibert
Réiserbann Saint Donat
Sandweiler Hl. Mäerten
Stengefort St. Hubert / Ste. Bernadette
Suessem Sainte Catherine
Walfer Mahatma Gandhi
Wuermer Saint Jean Baptiste
Zéisseng Notre-Dame de la Route

 

Programm

Wat steet alles um Programm?

Agedeelt an zwee Souscamps erwaarden d’CaraPio an hir Chef en ofwiesslungsraiche Camp. Truppeweis ginn d’Zelter opgeriicht, a genau esou zesumme gëtt och gekacht – klassesch um Feier.

Nieft enger Rei Véilléen ass och en Hike um Programm. Do kann all Participant säin Niveau selwer auswielen – vu méi gemittlech bis méi sportlech, jee no Fitness a Motivation. Genauso ass et bei den Action Activities: jidderee wielt no sengem eegene Goût, wat e probéiere wëll.

Zesumme mam ganze Souscamp steet eng Stadvisite um Programm.

Ausserdeem erwarden eis sportlech, kreativ an spannend Aktivitéiten direkt op der Campplaz. Genee esou wéi ee se vun de grousse nationale Camps kennt, bleift och hei vill Fräiheet: all Participant kann no senge Interessen a Stäerkten auswielen, wat hie wëll erliewen. 

Et stinn 3 verschidden Hike Niveauen zur Auswiel, sou dass fir jiddereen eppes dobäi ass. Fir déi ganz sportlech besteet och d’Méiglechkeet fir en Hike mam Velo, dëst ass nach emol méi usprochsvoll.   

Den Hike dauert zwee Deeg. An d’Nuecht gëtt an einfachen, oppenen Holzhütten – sougenannte Schutzhäiser – am Häerz vun der Natur verbruecht.

All Wandergrupp besteet aus 6-8 Participanten a gemëschte Gruppen. Et gëtt dofir gesuergt, datt mindestens zwou Persounen aus all Trupp zesumme bleiwen.

Wat dir matbrénge musst:

  • Bequem an agetrëppelt Wanderschong, déi bis iwwert den Enkel ginn
  • Kleedung for bei all Wiederkonditiounen (Schichten recommandéiert)
  • Schlofsak & Isomat
  • Bidon (min. 2L)

Detailer zu den  eenzelne Niveaue ginn et hei drënner. 

CaraPio, Chef a Staff hunn d’Méiglechkeet eng Action Activity um Camp ze maachen.  Et gëtt probéiert, dass jidderee säin 1. Choix kritt, mee dat ass eventuell net méiglech. 

All Sous-Camp huet een Dag voller Action am Programm!  Spaass hunn an eppes Erliewen! All Aktivitéit ass fir bis zu 50 Leit virgesinn. Jiddereen wielt individuel seng Activity aus.

Déi eenzel Activties ginn hei drënner beschriwwen. 

Hike Detailer

Liicht

Fir wien: Fir jiddereen dee léiwer e méi relaxen Trëppeltour mécht an déi dänesch Landschafte genéisse wëll. Egal op’s du gesondheetlech net sou fit bass oder och einfach dir e méi entspaanten Hike wënschs, dat hei ass fir dech.
Weeër: Liicht ze Fouss ze goen, meeschtens flaach oder liicht hiwweleg. Feste Buedem, vill Feldweeër.
Längt: ca. 25km verdeelt op 2 Deeg.

Fir wien: Fir Persounen mat enger gewëssener Ausdauer a Grondfitness. 
Weeër: Wiessel tëscht festen an manner festem Ënnergrond, Bësch, Felder, laangscht Waaser, hei ass alles dobäi.
Längt: ca. 35km verdeelt op 2 Deeg.

Fir wien: Fir déi, déi keng Angscht vru Bloosen, Reen, Bulli an 20 km mat Rucksäck hunn an déi eréischt no enger véier Stonne Wanderung mierken, datt se Honger hunn.
Weeër: Méi géi Passagen, deelweis usprochsvolle Terrain
Längt: ca. 45km verdeelt op 2 Deeg.

Wanderen ass schéin, mee verschiddener fueren dach léiwer mam Velo! Amplaz vun enger Trëppeltour bidden mir dës Optioun fir déi, déi gär aktiv sinn a gär e bësse méi Distanz zréckleeën.

Mat klassesche dänesche Vëloen (keng Mountainbikes, oder Gravel, mee schlicht Strosseveloen mat wéineg Gäng) an engem Rucksak um Réck maacht dir ongeféier 100 km duerch d’Natur, verdeelt iwwer zwee Deeg.

Infoen:

Route: tëscht 95 an 125 km (verdeelt op 2 Deeg)
Transport: mat zur Verfügung gestallten dänesche Veloen
Gepäck: Dir drot alles selwer an Ärem Rucksak.
Iwwernueschtung: wéi bei de Wanderungen, an Hütten
Unzuel Participante: begrenzt – dofiir w.e.g. bei der Umeldung ukräizen, falls du och fir des Variante interesséiert bass

Opgepasst:
Dës Tour riicht sech un sportlech Participanten mat Ausdauer. Dir sollt gewinnt sinn, e puer Stonne laang mam Vëlo ze fueren – och mat Gepäck. De Wand wäert Iech sécherlech an d’Gesiicht blosen, awer d’Natur an d’Erliefnes maachen dat alles gutt.

Action-Activities Detailer

Kanu – Paddel däi Kanu

Du wëlls et gemittlech, awer trotzdeem sportlech ? Da paddel zesumme mat aneren duerch déi dänesch Natur a genéiss d’Rou an d‘Landschaft. Perfekt fir e Action mee ouni Hektik.

Wann s du Waasser, Sand a Beweegung gär hues, ass dat deng Aktivitéit. Hei steet alles ronderëm d‘Waasser um Programm: Stand-up Paddling, Surfen, an Aktivitéiten op der Plage. Summerfeeling garantéiert!

Am Kloterpark kanns du deng Geschécklechkeet an Ausdauer testen. Klammen, balancéieren, iwwer sech erauswuessen – eng Aktivitéit fir richteg Abenteurer déi héich eraus wëllen.

Hei gëtt Wikingerstëmmung grouss geschriwwen! Zesumme braucht dir Muskelkraaft an Teamgeescht. Wann s du eppes mat Team-Spirit a Wikingerflair wëlls, bass du hei richteg!

Umeldung & Finanzen

Wéi vill kascht de Camp fir CaraPio a Chefs?

Fir CaraPio a Chef ass de Präis identesch, well jiddereen un den nämmlechten Aktivitéiten deelhëlt. De Präis vum Camp läit bei 600 – 700 Euro. Dës Zomm gëtt opgedeelt op 3 Acompte.

D’Campchefs sinn am Moment a Gespréicher mat der Œuvre Nationale. De Staff vum Camp huet sech als grousst Zil gesat, datt dëse Camp e “Camp fir jiddereen” gëtt. Wa mir Subside vun der Œuvre kréien, kënne CaraPio aus sozial méi schwaache Familljen finanziell ënnerstëtzt ginn. Dëst gëllt och fir Chefs, déi sech de Camp soss net leeschte kéinten.

Wichteg ass awer och, datt all Trupp selwer responsabel ass fir duerch verschidden Aktivitéite Suen ze verdéngen, fir domat de Präis fir hir Trupp méi bëlleg ze maachen. Beispiller dofir si: sech an deene grousse Geschäfter an der Chrëschtzäit mellen fir Kadoen anzepaken ando e klengt Täschegeld verdéngen. Och Kuch ze verkafen ass ëmmer erëm beléift. D’Organisatioun vun esou Aktivitéiten läit bei den eenzele Truppen an hire Chefs.

De Staff bezilt e Fixpräis, deen nach genau muss definéiert ginn. Dëse gëtt awer och hei verëffentlecht, fir d’Transparenz. Wann een net mam Bus matfiert, gëtt de Präis nach ëm de Präis vum Transport jeeweils fir d’Hi- a Réckrees reduzéiert.

D’Méiglechkeet mat privaten Autoen an net mam Reesbus ze fuere gëtt et nëmme fir de Staff. Chefs a CaraPio fueren zwéngend mam Bus mat.

Si bezuelen e Fixpräis vun ca. 200 € fir de komplette Camp.

 

  • 1. Acompte: bis den 20. Dezember 2025150 €

  • 2. Acompte: bis den 15. Mäerz 2026 – ca. 300 €

  • 3. Acompte: bis den 15. Juni 2026 – ca. 250 €

Dës Datumer gëllen als Delai’er, bis wéini de Keesier vun der Trupp d’Suen un de Camp iwwerwise muss hunn. 


D’Iwwerweisunge gi fir de ganzen Trupp zesumme gemaach.  CaraPio a Chef bezuelen soumat hiren Acompte un den Trupp an déi gesamt Zomm gëtt dann zu den uewe genannten Delai’er un de Camp iwwerwisen. 

D’Umeldunge fir de Camp lafen a verschidden Etappen of. Ab dem Chefdag am September mussen all responsabel Chef hir Trupp umellen. All Trupp kann nëmmen 1x ugemellt ginn. De resp. Chef sollt am Idealfall och mat op de Camp goen. Wann dir keng Chefs hutt a schonn entscheet hutt, dass är CaraPio mat enger anerer Trupp matginn, gitt dir trotzdeem eng Mailadress vun engem Chef vun iech un, schreift 0 Chef a gitt u mat wéi enger Trupp dir zesumme gitt.

Ab dem 1. November ginn d’nominal Umeldungen op. Vun dësem Moment u mussen d’CaraPio – respektiv hir Elteren – e Formulaire ausfëllen, an deem eng ganz Rei wichteg Informatioune gefrot ginn: vum Numm a Matricule bis hin zu der Wiel vum Hike-Niveau an aner Camp-relevant Detailer. De Link zu dësem Formulaire gëtt ëmmer vum responsabele Chef un seng CaraPio weidergeleet.

 

Wann de Formulaire eemol ausgefëllt ass, ass d’Prozedur awer nach net ofgeschloss: de responsabele Chef muss all Daten déi ausgefëllt goufen iwwerpréiwen a validéieren. Eréischt dono ass d’Umeldung definitiv gëlteg. Wichteg ass dobäi och, datt net nëmmen d’CaraPio, mee och all Chef– inklusiv dem responsabele Chef selwer – dëse Formulaire ausfëllen.

 

Dëst ass viraussiichtlech net méiglech.

No Ofschloss vum Camp an dem finalen Decompte kann an eenzele Situatiounen (z. B. mat engem Certificat médicale) nach eng Kéier driwwer nogekuckt ginn. Mee och hei ass dëst net zu 100 Prozent ze garantéieren, well fréizäiteg vill Aktivitéiten/Busser/Campplaz ubezuelt ginn.

Chef

Wat ass wa kee Chef vun eiser Trupp eng komplett ofgeschlosse Formatioun huet?

En nationale Camp bitt besonnesch fir jonk Cheffen eng grouss Geleeënheet: Dir kënnt vill erliewen a léieren. Well de Camp integral ugemelt gëtt, ass et net néideg, datt all Trupp Chef mat enger ofgeschlosser Formatioun dobäi huet. Mellt iech an ären Truppe also opalefall un!

Dës Infoe kommen no. Den 1. Februar 2026 gëtt et eng Versammlung fir all d’Chef, déi mat op de Camp ginn.

Wichteg Informatiounen schon hei (Detailer kommen no):

 

  • Mir kachen op selwer opgebaute Kichekonstruktiounen. Dir braucht keen Holz oder Zille matzebréngen, mee Brellageseeler, Bail, See a Grill gi gebraucht.
  • Well d’Plaz op der Campplaz limitéiert ass, froe mir déi grouss Truppen, onbedéngt an Truppenzelter (Patrullenzelter) ze schlofen an net ze vill kleng Zelter matzebréngen.

  • D’Material gëtt mam Camion 2–3 Deeg virum Camp eropgefouert. Dir musst är Patrullekëschte mat Material am Viraus packen. Eng detailléiert Materiallëscht kritt dir nach no.

Mir als Staff hoffen, datt esou vill wéi méiglech Chefs matginn, well mir d’Hëllef vu jidderengem brauchen. Dofir ass et méiglech, datt Chefs e bësse méi Zäit kréien, fir dat mat hirer Uni, hirem Patron oder aneren Engagementer ofzeklären.

Wann s du, als Chef, an dëser Situatioun bass, muss de ONBEDÉNGT der Admin eng E-Mail op admin@blarod.lgs.lu schécken. Du kriss duerno d’Méiglechkeet, dech allerspéitstens bis den 1. Abrëll unzemellen. Duerno ass eng Umeldung net méi méiglech.