Ech bestätegen, dass folgend perséinlech Date vu mir gesammelt ginn: Virnumm, Familljennumm, Gebuertsdatum, E-Mai, Handysnummer, Matricule, Adress, Krankekees, Geschlecht an Allergien.
Dës Date ginn ausschliisslech fir de nationale CaraPio-Camp Blarod vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten benotzt a ginn nom Camp geläscht. Perséinlech Date ginn net un Drëttpersounen weiderginn.
Ech bestätegen zousätzlech, dass Fotoen a Videoe vu mir dierfe gemaach ginn an op de Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram, Flickr, Websäit) vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten verëffentlecht kënne ginn.
D’Foto- a Videomaterial gëtt fir archivaresch Zwecker gespäichert a ka vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten och fir aner vereinsintern a veräinsbezunnen Zwecker benotzt ginn.
Ausserdeem bestätegen ech, dass ech informéiert sinn, dass Acompte prinzipiell net zeréckbezuelt ginn. D’Acompte ginn duerch déi lokal Guiden- a Scoutsgruppen erhuewe a weidergeleet un d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
Dësen Accord kann zu all Moment zeréckgezunn ginn.
Bei Froe, Problemer oder fir meng Date läschen ze loossen:
admin@lgs.lu – Lëtzebuerger Guiden a Scouten – 5, rue Munchen Tesch, L-2173 Luxembourg – +352 26 94 84